Léif Sportsfrënn
11 September 2015
Desen WE spillen eis 2 Seniorsekippen auswaerts, den Optakt mëcht eis 2t Ekipp den Owend zu Kaerjeng, an eis 1t Ekipp trëtt den Sonnden um 16:00 géint FC Sporting Bertrange un.
Desen WE fänkt awer och d'Jugendchampionnat endlech nees un, an bei deser Geleenheet wëlle mir den Message vun Eisen Frënn vum FC Blo-Waiss Izeg deelen!
Vergiesst och net dass en weideren Spilldag an eiser Tippronn ass, am moment leien den Laurent_Effzeh den Gang70 an den joniol ex-aequo mat 11 pts vir!!