All Dag ass trainéiert ginn, vun Méindes bis Freides, vun 8h bis 17h:
- Moies a Mëttes 2 Stonnen Training an Matcher;
- Spezialtraininger: Kooperatiounsspiller fir den Equipegeescht ze staarken, Lifekinetik fir d‘Handlungsschnellegkeet ze fërderen, Lauf-ABC an Koordinatiounsübungen fir richteg lafen ze leieren;
- Moies- an Mëttegiessen zerveiert vum „Braustübl“, an natierlech Uebst iwwert deen ganzen Dag fir di néideg Power ze hunn;
- Et huet leider heiansdo riicht eran gereent, dofir huet den Training duerch Gesellschaftsspiller missen ersat ginn.
- Fir ze trainéieren krut all Spiller 2 Trikot’en, 2 Short’en an 1 Puer Strëmp. Géint d’Keelt an de Reen kruten se och nach en Kaputzenpullover.
Als Ofschloss haten mer dunn nach en Match géint d’Equip vun Grevenmaacher, deenen mer op dëser Plaz Merci soen datt se komm sinn. Sou konnten d‘Kanner weisen wat se an der Woch geleiert hunn.