6
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Munsbach...
Fussballstagen

Fussballstagen am Summer 2016 zu Minsbech um Terrain

organiseiert vun der Asbl Fussballstagen.lu mat der Hellef vum FC Munsbach.


Fir d’alleréischt e groussen Merci un den FC Munsbach deen eis an allen Hinsichten enorm ënnerstëtzt huet, an den Sponsoren.
Ausserdeem ass et wichteg hei an engem Saz z’erklären em wat et eis geet:
D’Kanner am Pupilles an Poussinsalter déi richteg Formatioun ze schenken duerch modern Methoden, wouduerch de lëtzebuerger Fussball, an d’Kanner, op laang Siicht nëmmen kennen profitéieren.

All Dag ass trainéiert ginn, vun Méindes bis Freides, vun 8h bis 17h:

-         Moies a Mëttes 2 Stonnen Training an Matcher;

-         Spezialtraininger: Kooperatiounsspiller fir den Equipegeescht ze staarken, Lifekinetik fir d‘Handlungsschnellegkeet ze fërderen, Lauf-ABC an Koordinatiounsübungen fir richteg lafen ze leieren;

-         Moies- an Mëttegiessen zerveiert vum „Braustübl“, an natierlech Uebst iwwert deen ganzen Dag fir di néideg Power ze hunn;

-         Et huet leider heiansdo riicht eran gereent, dofir huet den Training duerch Gesellschaftsspiller missen ersat ginn.

-         Fir ze trainéieren krut all Spiller 2 Trikot’en, 2 Short’en an 1 Puer Strëmp. Géint d’Keelt an de Reen kruten se och nach en Kaputzenpullover.

Als Ofschloss haten mer dunn nach en Match géint d’Equip vun Grevenmaacher, deenen mer op dëser Plaz Merci soen datt se komm sinn. Sou konnten d‘Kanner weisen wat se an der Woch geleiert hunn.

 


Training an Matcher

Kooperatiounsspiller
Lifekinetik
Koordinatioun an Lauf ABC



Flott Mettesiessen

Fir d’nächst Joer steet den Datum och schon fest, an zwar vum 31. Juli bis den 4. August 2017 zu Minsbech um Terrain.

Mei Informatiounen fannt dir op www.fussballstagen.lu